Aktiv zënter 2001 huet hie bis 2010 zwou Demoen, e puer Mixtapes an eng EP erausbruecht. Säi Soloalbum "Rap, Homies & Famill" ass 2011 rauskomm an huet him gréisser Bekanntheet verschaaft, mat ronn 1000 verkaaften CDen. An de läschte véier Joer huet hien uechter d'Land ronn 100 Liveshows gespillt, op Plaze wéi an der Rockhal, der Kulturfabrik, der Aaler Seeërei Dikrech oder op Festivals wéi z.B. dem Food For Your Senses oder der Fête de la Musique. 2012 huet hien a Kollaboratioun mam StA den Album "Teorie 2012" op de Maart bruecht.
"T3000" ass dem T säin drëtte Studio Album an ass e Schrëtt a Richtung vu méi erwuessenem an trotzdem technesch a musikalesch komplexem Rap. D'Lidder bestinn aus enger Mëschung aus elektroneschen Hip-Hop Beats op déi de Rapper seng nodenklech bis politesch Lyrics leet an natierlech och klassesche Rap Tracks.