Edel Weis

Live Act Hip Hop Rap
Edel Weis - Hip Hop Rap Live Act in Soleuvre, Zolwer

Edel Weis Short Info

Wéi d'Edelweis-Blumm héich an dën Alpen bléit dën Edel Weis hei am Ländchen um Zolwerknapp; Lëtz-Rap op eng edel Aart a Weis...

Gebuer 1981 a 1995 vum Hip-Hop gedeeft, war hie matzendran an enger Phas, wou d'Kultur zu Lëtzebuerg am grousse Stil um Virmarsch war. Fir d'éischt e wéineg op Franséisch an Englesch experimentéiert, huet dën Edel Weis am neie Joerdausend ugefaangen, Reimer a senger Mammesprooch op Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze rappen. Zesumme mam Corbi, mam David Fluit an anere Kollegen huet dën Eddes säit 2003 musikalesch a kreativ Owenter verbruet. Beatmaker wéi ënner anerem Spenko, Nikkel K, Wispo a Swinx hunn d'Instrumentaler produzéiert a sou koum säit 2005/06 munches eraus, wéi ënnen am Historique ze liesen ass.

No laanger Aarbecht a Gedold gouf dunn am Februar 2015 dem Edel Weis säin éischte Solo-Projet "Kappmassage" um Läbbel realiséiert. Dén Album ass vollgepaakt mat Wuertspillereien, sozialkritesche Passagen an e puer thematesche Stécker; am Ganzen 23 Lidder mat nationalen an internationale Kollaboratiounen, opgeholl am Ricordingstudio vum Wispo a Nikkel K fir Zaki Zaki. Bis ewell huet dén Edel Weis een offizielle Video vum Fred Entringer erausbruecht an e puer Tracks selwer visualiséiert.

2015 hat dén Eddes de Plaiséier, zesumme mam MKO op de Plackentelleren an der Läbbel-Famill eng yet Concerten an Optrëtter op Festivaller zu Lëtzebuerg ze spillen. Dir dierft gespaant sinn, wat hien an Zukunft nach sou wäert op d'Tapéit bréngen...!

Wéi d'Edelweis-Blumm héich an dën Alpen bléit dën Edel Weis hei am Ländchen um Zolwerknapp; Lëtz-Rap op eng edel Aart a Weis...

Gebuer 1981 a 1995 vum Hip-Hop gedeeft, war hie matzendran an enger Phas, wou d'Kultur zu Lëtzebuerg am grousse Stil um Virmarsch war. Fir d'éischt e wéineg op Franséisch an Englesch experimentéiert, huet dën Edel Weis am neie Joerdausend ugefaangen, Reimer a senger Mammesprooch op Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze rappen. Zesumme mam Corbi, mam David Fluit an anere Kollegen huet dën Eddes säit 2003 musikalesch a kreativ Owenter verbruet. Beatmaker wéi ënner anerem Spenko, Nikkel K, Wispo a Swinx hunn d'Instrumen...

Read more

Discography Edel Weis

  • 2015 Kappmassage Album | De Läbbel

Media

  • Video Edel Weis - Schrëtt fort (...
  • Video Edel Weis feat. Corbi - Ote...

Origin

  • Soleuvre, Zolwer LU

Members

  • Edel Weis Rap
  • MKO DJ