De Läb

Live Act Hip Hop Rap
De Läb - Hip Hop Rap Live Act in Differdange

De Läb Short Info

“De Läb” ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen am Joer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp gegrënnt gouf. De Corbi (raps + beats), den David Fluit (raps + cuts) an de Lomki aka Jazzy Jeff (live-dj + cuts), verkierpere gekonnt a mat engem gudden Hauch Ironie déi „nei Schoul“, dëst mat der Astellung vu gëschter, a presentéiere sech funky-fresh a mat enger gesonder Portioun Humor.

Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujeten gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb-Sprooch analyséiert an interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder deen anere Message fir nozedenken.

"De Lä" ass eng richteg Liveband , déi hire Public gäre matrappt an dozou zwéngt, matzefeieren. A fir de Live-Effekt ze verstäerken, hu se mëttlerweil an hir Live- Show och richteg Instrumenter erabruecht, dëst mam René "Däiwelskärel" Macri un der Bass a mam Mike "Blueprint" Zweyer un der Drum. Si hu mëttlerweil vun der klengster Bistrots-Théik bis zu gréissere Bühnen d'Land onsécher gemaach.

Also eppes ass sécher: "De Läb" ass mëttlerweil net méi aus der Lëtzebuerger Musékszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat si hiren Nolauschterer anZukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.

by Lisa "la chatte" Keiffer

“De Läb” ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen am Joer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp gegrënnt gouf. De Corbi (raps + beats), den David Fluit (raps + cuts) an de Lomki aka Jazzy Jeff (live-dj + cuts), verkierpere gekonnt a mat engem gudden Hauch Ironie déi „nei Schoul“, dëst mat der Astellung vu gëschter, a presentéiere sech funky-fresh a mat enger gesonder Portioun Humor.

Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujeten gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb-Sprooch analyséiert an interpretéiert....

Read more

Discography De Läb

  • 2013 Sex, Drugs & E Prêt Album | De Läbbel
  • 2011 D'Stëbslong Album |
  • 2008 De Mat Der Kaz Danzt EP EP |
  • 2007 D'Wourecht EP EP |

Media

  • Video De Läb - Alphabe(a)t (beat...
  • Video De Läb - Heeschnapp (beat b...
  • Video De Läb - De Läbdance

Origin

  • Differdange LU

Founded

  • 2006

Members

  • Corbi Rap
  • d.fluit Rap
  • MKO DJ
  • René Macri Bass
  • Benoit Martiny Drums